Verlaaf vun enger Consultatioun

Nodeems mer en rendez-vous ausgemeet hun kommen ëch bei Iech Heem fir den Probleem ze erkennen.

Den éischten Deel vun menger Aarbecht besteet doran dass ëch Iech eng Rei Froen stellen déi geduet sin fir den Probleem ze erkennen. Déi Froen dingen och dozou den Dossier vun äerem Hond ze vervollständegen. Wann der also spéider urufft sin ëch an der Laag den Fall ënnerhalb vun e puer Minuten an den Kontext ze setzen.

Nodeems Däer mir den Fall erläutert hutt kucken ëch mer déi sougenannten Verhaltensstéierung un (eventuell wäehrend engem Spazéiergang).

Dir kritt dann déi éischt Uweisungen. Ausserdeem schécken ëch Iech per Post en indivuellen Trainingsprogramm deen Dir befollegen sollt.

Mer maachen en 2 rendez-vous aus. Dësen ass dofir do fir ze iwwerpréiwen ob schon Besserung vum Probleem besteet oder ob den Trainingsprogramm ëmgestallt gin muss.

Weider Treffen gin vereinbart wann den Fall ët esou wëll, mais vill Problemer léisen sëch vum selwen an manner wéi 3 Interventiounen.